Schéi komplizéiert
Authors
More about the book
"Wa mer eleng beim Bild bleiwen, bleiwe mer un der Uewerfläch hänken an et geet esou vill verluer: Gedanken, Stëmmungen, kleng Gespréicher, vereenzelt Situatiounen, mat hiren Déiften an Nuancen, mat deenen Ofdréck, déi se an der Erënnerung an am Häerz hannerloossen. Heiansdo kreesen d’Gedanken a mengem Kapp, wéi e Grupp Haifësch an hirem Baseng, nervös a gelueden. Dës Energie muss eraus, soss frësst se mech vu bannen op an dowéinst versichen ech elo mol d’Spueren an d’Narben, déi vum Liewe bleiwen, dem Pabeier hei viru mer unzevertrauen.“ Bei dësen intimen, awer fragmentareschen Iwwerleeungen gëtt probéiert ze weisen, wéi Vergaangenheet a Géigewaart matenee verbonne kënne sinn a wéi d‘Liewen heiansdo schéi komplizéiert ka sinn.